DE KAPITÄN MULLEBUTZ A SENG SÉISSWAASSER- MATROUSEN

Dräi Albume voller Lidder fir kleng a grouss Oueren.

.

Live ass de Projet KAPITÄN MULLEBUTZ A SENG SÉISSWAASSERMATROUSEN e ganz besonnescht Erliefnis.

.

Dës Saison sinn eis Liblings-Séifraen a Séimänner nees live ze erliewen – Joupie!

Mir freeën eis, Iech all erëmzegesinn. Kommt alleguer, et gëtt super!

.

.

  • Pétange, École de Musique
     📅 10. Mee 2026 · 🕝 16:00📍 Péitenger Museksschoul

     Schoulvirstellungen

     📅 11. & 12. Mee 2026 · 🕝 16:00📍 Péitenger Museksschoul

.

  • Esch-sur-Sûre, Séibün

     📅 27. Juni 2026 · 🕝 17:00📍 Esch-Sauer Séibün

.

  • Grevenmacher, Wäin- an Drauwefest

     📅 12. September 2026 · 🕝 16:30📍 Macher Wäinfest

.

  • Leudelange, Leidelenger Kiermes

     📅 20. September 2026 · 🕝 16:30📍 Leidelenger Kiermes

.

  • Dudelange, OPDERSCHMELZ  —-> Full Show

    📅 13. Dezember 2026 · 🕝 16:00 (à confirmer)📍 OPDERSCHMELZ Diddeleng

    Schoulvirstellungen:

    📅 14. Dezember 2026 · 🕝 10:00 &  14:00 📍 OPDERSCHMELZ Diddeleng

    📅 15. Dezember 2026 · 🕝 10:00  📍 OPDERSCHMELZ Diddeleng

.

.
.
__________
.
.
.

DEN AKTUELLEN ALBUM ASS NACH ËMMER AM BUTTEK ZE FANNEN:

DE KAPITÄN MULLEBUTZ A SENG SÉISSWAASSERMATROUSEN SI SCHNEEKEG! LIDDER FIR ZE SCHNEEKEN, FIR KLENG A GROUSS

Desen Album an di aaner 2 kritt der an eisem Mullebuttek oder op engem vun eisen nächste Concerten.

© Claude Grosch / Tessy Margue

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen hunn erëm Buedem ënnert de Féiss. De Kapitän a seng Crew sinn an Héichform a kënne mat guddem Gewëssen op hire Bauch lauschteren. ‚lo gëtt gutt gejickt a geschneekt… hmm! Pechege Kachkéis, en Zappee, eng laaaaaaang Zoossiss a ganz vill Schockela.

Bekannte Vollekslidder a Songs vum Auguste Donnen, René Pütz, Georges Urwald, Jenny Hilger, Ralph Kilburg a Romy Grangenet treffen op ‚Greatest Hits‘ aus de leschte Joerzéngte vun de Beatles, vum Little Richard, vum Limahl, Harry Belafonte, Alphaville oder dem King, dem Elvis Presley.

Déi erfollegräich Iddi, flott Kannerlidder an en neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Pop Songs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en 3te Deel. De Kapitän a seng Matrousen invitéieren all kleng a grouss Pirate fir mat hinnen ze sangen, ze danzen an ze schneeken.

Dëst Joer si Kanner, déi schwéier héieren oder daf sinn, extra wëllkomm op eise Concerten, well mer se mat Hëllef vum Véronique Wagner-Steinmetz och an der  Gebäerdesprooch presentéieren.

E puer Biller aus eiser aktueller Show:

© Sébastien Grébille

© Sébastien Grébille

© Sébastien Grébille

© Sébastien Grébille

© Sébastien Grébille

.Hei e klengen Sneack Peak vun engem vun de Lidder op der neier CD:

Produktioun: AllerRetourLuxembourg asbl, Philharmonie Luxembourg

Koproduktioun: Escher Theater, Aalt Stadhaus Differdange, Trifolion Iechternach.

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vun der Sacem.

   GOUV_MC

sacem_z2003_color

Dieser Eintrag wurde veröffentlicht in Info: von admin. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.