.
Gutt gelaunt duerch d’Quarantän mam Kapitän Mullebutz:
Eng Offensif géint Langweil an der Covid-Quarantän: all Woch 3 nei Witzer aus der Witzerkëscht!
NEXTE CONCERT:

KOLL AN AKTIOUN FESTIVAL
31 MAI 2020
.
E ‚Sang Dech Schlau‘ Video wou een alles iwwert d’Flëss zu Lëtzebuerg léiere kann.
https://vimeo.com/400604503.
LIDDER FIR ZE WIBBELEN – FIR KLENG A GROUSS
Di grouss Premiere wor den 09. & 10. November 2019 an der Philharmonie Luxembourg.
D’Concerten ginn mat Gebäerdesprooch adaptéiert.

© Claude Grosch / Tessy Margue
DE KAPITÄN MULLEBUTZ A SENG SÉISSWAASSERMATROUSEN SI WIBBELËG E Matmaach-Concert fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir Elteren.
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaasermatrousen kommen vu hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg a let me tell you: si si wibbeleg! Aus der ganzer Welt hu se Lidder matbruecht fir déi kleng & grouss Piraten un d’Bougéiere ze kréien: DANZEN, SPRANGEN, SANGEN… Haaptsaach gutt Laun. Och d’Madame Li well, dass hir Matrouseband fit gëtt an a Form kënnt.
Déi erfollegräich Iddi, flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Popsongs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en zweeten Deel.
Bekannte Vollekslidder & Songs vum Pir Kremer, Georges Urwald a Romy Grangenet treffen op Greatest Hits aus den leschten Joerzéngten vun The Cure, Sister Sledge a Ray Charles. Op lëtzebuergesch a fir jidderee vu 4 Joer un.
KOMMT SANGT A DANZT MAT EIS!
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen ass e lëtzebuergesche Museksprojet vum Dan Tanson a vum Georges Urwald. Hei ginn traditionell Kannerlidder an engem Mäntelche vun haut an knackeg Pop- a Rocklidder kannergerecht op Lëtzebuergesch gespillt. Esou entsti flott Concerten fir matzemaachen fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir Elteren, Grousselteren, Tattaen & Monnien, Giedelen & Pätteren an all aner erwuesse Begleeder.
Produktioun: AllerRetourLuxembourg asbl, Philharmonie Luxembourg. Koproduktioun: Escher Theater, Aalt Stadhaus Differdange. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture & der Sacem.

© Sébastien Grébille
.
OPTRËTTER:
08.12.2019, Trifolion, Echternach (tout public)
Information & Billetterie:
https://trifolion.lu/de/programm/veranstaltungen-einzelansicht/titel/de-kapitaen-mullebutz-seng-seiss-waasser-matrousen-si-wibbeleg-1.html
Passt et Iech deen Dag vielleicht net su gudd, net traurëg sinn et si scho vill weider Datumer ugekënnëgt. (kuck ënnen)

© Sébastien Grébille
TOURNEE 2019 :
18. – 20.12.2019, Al Stadthaus, Differdange (scolaires)
22. + 23.12.2019, Escher Theater, Esch/Alzette (tout public)
TOURNEE 2020 :
01. + 02.03.2019, CAPe Ettelbrück (tout public + scolaires)
12. + 13.06.2020, Fête de la musique, Kulturhaus Niederanven, OPEN AIR (tout public + scolaires)
Tickets: www.luxembourg-ticket.lu

D’MULLEBUTZ-CD N°2 mat neie Lidder, déi de Summer 2019 an den Tritone Studios zu Berdorf opgeholl gouffen, ass am Presswierk. Hei sinn 18 fonkelnei a wonnerschéin Songs drop.
Den Disc gett et op eise Concerten ze kafen a vum 12. November un ass en exklusiv am Bicherhäischen, eisem Lieblingskannerbicherbuttek zu Niederanven ze fannen.

© Claude Grosch / Tessy Margue
.
Hei als Virgeschmaach den éischte Song vum Disk. Kléngt gutt, gell?

© Claude Grosch / Tessy Margue
Produktioun: AllerRetourLuxembourg asbl, Philharmonie Luxembourg. Koproduktioun: Escher Theater, Aalt Stadhaus Differdange
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture & der Sacem.

















