Wëllt Dir gäre mam Kapitän sange? Ma Dir kennt d’Wierder awer net?
Keng Panik, hei stinn e puer Texter vun deene manner bekannte Lidder.
MÄNNER MAT BAART – (lëtz. T: D.Tanson/M: trad)
Wann s de wëlls op d’Mier raus fueren
muss d’e Mann mat Baart sinn
Refrain : De Jang, de Robi an de Pit, déi hunn e Baart, jo déi hunn e Baart
De Jang, de Robi an de Pit, déi hunn e Baart, déi däerfe mat
Wëlls de mat eis e Walross fänken
muss d’e Mann mat Baart sinn
Wëlls de ranz’jen Zwieback iessen
muss d’e Mann mat Baart sinn
Wëlls de mat eis eng grouss Päif fëmmen
muss d’e Mann mat Baart sinn
Wann s de Wäin an Drëppe gär hues
muss d’e Mann mat Baart sinn
O MÄI PÄERDCHEN – (lëtz. T: D.Tanson/M: trad)
- O mäi Päerdchen, léift klengt Päerdchen
hues e schéine wäisse Schwanz
an e Rimm mat eise Knäpp
ech wëll reiden, bass de prett
- O deng A si schwaarz a gréng,
däi Pelz sou schéi wéi Schokela
e schwaarze Fleck riicht op der Schnuff
an deng Mäen, déi ass aus Gold.
- O mäi Päerdchen, léift klengt Päerdchen
hues du deng Mamma och sou gär
bréngs du hir e Bouquet Blummen
gëss du hir en décke Kuss.
ROUTKÄPPCHEN – (lëtz.T: D.Tanson/M: trad)
- So, Routkäppchen wou gees de hin
sou eleng, sou eleng?
So, Routkäppchen wou gees du hin
sou eleng?
- ‘ch gi bei d’Boma e Kuch bréngen
duerch de Bësch, duerch de Bësch
‘ch gi bei d’Boma e Kuch bréngen
duerch de Bësch.
- Hei am Bësch do si wëll Déi’ren
hei am Bësch, hei am Bësch
hei am Bësch do si wëll Déi’ren
hei am Bësch
- ‘ch hu keng Angscht v’run de wëllen Déi’ren
‘ch hu keng Angscht, ‘ch hu keng Angscht
‘ch hu keng Angscht v’run de wëllen Déi’ren
hei am Bësch