Buttek

Mir wëssen, datt déi kleng Piraten d’Musek gäre méi dacks lauschteren. Duerfir wëlle mir de Spaass verlängeren a bidden iech 3 Placken un, fir doheem ze lauschteren oder am Auto ënnerwee. Heivir hu mer bei de Profien e flotten Disc produzéiert, deen och den Erwuessene Spaass mécht. De Georges Majerus a säi Mixmaster Mike Butcher hunn un de richtege Knäppercher gedréint an et fäerdeg bruecht, eis Musek an engem Sound vun haut ze presentéieren.

Iwwerweist w.e.g. am beschten direkt op d’Kontosnummer LU48 0019 5355 1557 5000 vun der AllerRetour Asbl. Vergiesst w.e.g. net, Nummer/Faarf/Titel an d‘Unzuel u Placken an är Adress unzeginn. Esoubal d’Iwwerweisung ukomm ass, schécke mer iech är Bestellung fein mat der Post heem. Alles ganz easy, oder?

15 EUR + 3 EUR Porto fir de rouden Disk (oder CD 1)

15 EUR + 3 EUR Porto fir de bloen Disk (oder CD 2)

20 EUR + 3 EUR Porto fir de neien gielen Disk (oder CD 3)

Dir kënnt elo och online mat ärer Kaart bezuelen. Yeah, endlech! MULLEBUTTEK LINK -> https://allerretour-luxembourg.sumupstore.com/

DE KAPITÄN MULLEBUTZ A SENG SÉISSWAASSERMATROUSEN SI SCHNEEKEG!

Den 3. MULLEBUTZ CD (oder Gielen Disk) mat 12 fonkelneie Lidder ass iwwert de Summer/Hierscht 2022 zu Berduerf opgeholl ginn. Yeah! Musikalesch ass dat Déngen nees SUPER ginn! De Steiermann Georgely huet allerbescht Arrangementer geschriwwen, d’Stëmme wore geuelegt, de Maschinist Georges Majerus an de Mixmaster Mike Butcher hunn an den Tritone Studios eng fantastesch Aarbecht geleescht!

Ma net nëmmen d’Musek ass flott, och den Artwork ass extra gutt gelongen! De Claude Grosch an d’Tessy Marque wore fir déi 3. Kéier d’Dreamteam hannert der Grafik a mir sinn eis eens, datt et super schéi ginn ass!

De Release vum 3. Album wor den 02. Dezember 2022 an der Philharmonie Lëtzebuerg.


EXKLUSIVE SCHNEEKEG-TOUR MERCH

SONNESTULL

mat Gedrénks-Halter

only 120 €

Stabillen Design mat Illustratioun vum Claude Grosch.

Nëmmen op Bestellung op info@traffiktheater.com

DE KAPITÄN MULLEBUTZ A SENG SÉISSWAASSERMATROUSEN SI WIBBELEG!

Den 2. MULLEBUTZ CD (oder Bloen Disk) mat 18 Lidder ass mëttlerweil an den 2. Drock gaang, well d’Nofro esou grouss ass.

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen kommen vu hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg an, let me tell you: si si wibbeleg! Aus der ganzer Welt hu se Lidder matbruecht fir déi kleng & grouss Piraten un d’Bougéieren ze kréien: DANZEN, SPRANGEN, SANGEN… Haaptsaach gutt Laun. Och d’Madame Li wëll, datt hir Matrouseband fit gëtt an a Form kënnt.

Bekannte Vollekslidder & Songs vum Pir Kremer, Georges Urwald a Romy Grangenet treffen op ‚Greatest Hits‘ aus den leschte Joerzéngte vun The Cure, Sister Sledge a Ray Charles. Op lëtzebuergesch a fir jidderee vu 4 Joer un. KOMMT SANGT A DANZT MAT EIS!

De Release vum ‚Bloen Album‘ war den 9. November 2019 an der Philharmonie Lëtzebuerg.

Hei als Virgeschmaach den éischte Song vum Disk. Kléngt gutt, gell?
.
 

-.

Mullebutz CD 1

DE KAPITÄN MULLEBUTZ A SENG SÉISSWAASSERMATROUSEN – LIVE

De beléiften 1. MULLEBUTZ CD (oder Rouden Disk) mat der Opnam vun de Concerten am Kapuzinertheater am Mee 2015 huet och missten nogedréckt ginn an ass nees disponibel.

De Kapitän Mullebutz & seng Séisswaassermatrousen komme vun enger laanger Rees nees zeréck op Lëtzebuerg. Hiert Häerz ass voller Musek an de Kapp ass voller Erënnerungen un d’Länner, déi si gesinn hunn. Ma doheem ass et awer am schéinsten an dofir wëlle si mat hire Frënn e grousst Fest feieren. An Dir sidd invitéiert! De Kapitän Mullebutz, d’Madame Li an d’Séisswaassermatrousen sange flott Kannerlidder vun heiheem an aus frieme Länner. D’Lidder erziele vun den Abenteuer déi si erlieft hunn, vum Liewen um Schëff a wat ee brauch fir e richtege Matrous ze sinn.

De Kapitän Mullebutz & seng Séisswaassermatrousen spille bekannte Volleks- a Kannerlidder vum Pir Kremer a Jempy Kemmer, Toni Schuster a Marcel Reuland, Michel Lentz, Georges Urwald, oder Romy Grangenet a Ralph Kilburg. Si invitéieren d’Kanner zesumme mat hiren Elteren, e flotten Nomëtteg ze erliewen. 60 Minutte feinste Mullebutz-Spaass fir di ganz Famill!

D’Uropféierunge wore vum 15. bis 18. Mee 2015 am Kapuzinertheater vun der Stad Lëtzebuerg.

Mullebutz CD 2

Produktioun: Chantier mobile asbl
Koproduktioun: Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

Logo_defdef_d_a

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, der Sacem & der Fondation indépendance.

GOUV_MC

  

sacem_z2003_color
Logo-fondation-independance