De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen ass e lëtzebuergesche Museksprojet vum Dan Tanson a vum Georges Urwald. Hei ginn traditionell Kannerlidder an engem Mäntelche vun haut a knackeg Pop- a Rocklidder kannergerecht op Lëtzebuergesch gespillt. Esou entsti flott Concerten fir matzemaachen fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir Elteren, Grousselteren, Tattaen & Monnien, Giedelen & Pätteren an all aner Erwuesse Begleeder.

Produktioun AllerRetour Luxembourg asbl, Philharmonie Luxembourg
Koproduktioun Escher Theater, Aalt Stadhaus Differdange, Trifolion Iechternach

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, der Sacem an der Fondation indépendance

© Sébastien Grébille
© Sébastien Grébille