Crew

Dan Tanson Iddi, Konzept, Gesank 
Georges Urwald Musikalesch Leedung, Arrangementer, Piano, Akkordeon, Gesank 

Christian Peckels Gittar, Gesank  Tom Wiot Bassgei Jhang Kohnen Trompett John Wolter Getrommels Noemie Leer Gei, Gesank  Patrick Kim Wilhelm Trombonn Jessica Quintus Saxophonen Véronique Wagner-Steinmetz Gebäerdesprooch Dolmetscherin Claude Grosch Visuals Georges Majerus Tountechnik Bert Marijsse/Sven Streitz Luuchten + Videooperating Nathalie Moyen Beweegungen a Bléck vu baussen Anne-Marie Herckes/Joey Adam Kostümmer Alexandra Lichtenberger Zappee Arend Herold Produktiounsleedung

Produktioun AllerRetour Luxembourg asbl, Philharmonie Luxembourg
Koproduktioun Escher Theater, Aalt Stadhaus Differdange, Trifolion Iechternach

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, der Sacem an der Fondation indépendance.

De Steiermann Georgely (Georges Urwald) ass de Chef um Piano. Hien huet fir déi flott Arrangementer gesuergt an och selwer nei Lidder bäigesteiert. Ouni hie wier alles nëmmen hallef esou schéin!

 

De Kapitän Mullebutz (Dan Tanson) ass am léifste mam Schëff um Mier ënnerwee a wann hien de richtegen Toun trëfft, ass hien extra happy!

 

D’Madamm Li (Noémie Leer) suergt um Schëff an u Land, fir Fitness a gudde Rum!

 

Eise stäerkste Mann u Bord ass de Matrous Pekall (Christian Peckels). Hien ass de Meeschter am Fässerschleefen.

 

De Matrous Tom (Tom Wiot) ass e staarke Kärel. Am léiwste kritt hie Kussen. Pssst… hien ass eigentlech verléift an eis gutt Madamm Li!

 

De Wulli Wuppes (John Wolter) kann immens gutt Afen nomaachen. Net nëmme mat der Stëmm, mee och hannert den Trommelen. Ass hie villäicht de Louis vun deem mer ëmmer sangen? Hie spillt jiddefalls och ganz gär mam Feier.

 

Déi schéinst Tatooe sinn op den Äerm vum Matrous Petz (Patrick Kim Wilhelm). Hie spillt d’Trombonn, dem Kapitän säi Liblingsinstrument … an dat mécht hie mega schéin! Juhuuu!

 

De Matrous, de Jhang (Jhang Kohnen), bléist aus voller Long a seng Trompett a warnt eis esou viru Geforen. Säit Mullebutz 1 mat u Bord.

 

Eiser Matréisin Jezz hier Liiblingsdéieren si Kazen. Grouss Kazen a Klenger.Meng der dass hatt dann och wéi en Tiger sange kann?A jo a bal hunn ech vergiess ze soën dass hatt och nach immens gutt Saxophon spillt! Zanter Mullebutz 2 mat u Bord.

Der Matréisin Jezz hir Liblingsdéiere si Kazen. Grouss Kazen a klenger. Mengt der, datt hatt dann och wéi en Tiger sange kann? A jo, bal hunn ech vergiess ze soen, datt hatt och nach immens gutt Saxophon spillt! Säit Mullebutz 2 mat u Bord.

 

D’Matréisin Nicki (Véronique Wagner-Steinmetz) huet am léifsten Kniddelen a Klodsbertaart. Hat geet och ni u Bord ouni säi Bakbuch a mat sengen zwee Matrousekanner baakt hat ëmmer nees Schockelas-Kuch oder Dinkelbréidercher.
Och wann hat net iwwersetzt, kann hat seng Hänn net roueg haalen- wéi gutt dass mer ëmmer ee Sprangseel un Deck fir hat hunn.

Vum Maschinist Jorsch (Georges Majerus) gëtt alles geschmiert, fir datt eist Schëffelchen tipptopp fiert. Hie suergt och dervir, datt d’Band gutt kléngt. An hien huet de Mullebutz-CD mat sengen Zauberfangere selwer opgeholl.

Dat ass den Edi. De Séisswaassermatrousen hire Piratemippchen! Ma soss ass hien awer ganz léif!

.

Eis aner Séisswaassermatrousen:

De Matrous Buggi (Gilles Burgund) ersetzt de Matrous Jhang, wann deen op d’Banannen oppasse muss. Mir sinn ëmmer frou, wann de Buggi mat um Schëff ass, well hien esou gutt Witzer erziele kann. Beim Mullebutz 2 mat derbäi.

D’Matréisin Lynn iwwersetzt eis Concerten, fir Menschen déi schlecht héieren, sou dass jiddereen mat eis groove kann. Hiert Liiblingsiessen ass eng Tarte Flambée an all aanert Vegetarescht Iessen.

 

De Matrous Matt Schmackes (Max Sauber) schléit op d’déck Tromm, wann d’Jongen um Rudder sinn. Säi Liblingsiesse si Muerten, Tomaten an H2O (= Waasser). Beim Mullebutz 1 + 2 mat derbäi.

 

De Matrous Pol (Paul Dahm). Hie spillt 3 Saxophonen an ass ëmmer gutt gelaunt! Beim Mullebutz 1 mat derbäi.

 

Dat ass de Matrous Gaston (Gast Gnad) mat senger Trombonn! Beim Mullebutz 1 mat derbäi.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert