Ahoi!
Hei ass dat offiziellt MULLEBUTZ-Ausmolbild vum Claude Grosch.
Wëllt Dir mat äre Kanner de Mullebutz ausmolen? Dat kënnt der hei maachen.
Einfach d’Ausmolbild eroflueden, drécken a scho geet de Molspaass un.
Mir freeën ons iwwert eng Fläschepost mat ärem Bild. Stiecht ärt ausgemoolte Bild dran, schreift e puer léif Wierder derbäi a schéckt de Buttek mat der Post fort. Vergiesst w.e.g. net, är ganz Postaddress unzeginn, well da kritt der vun eis eng Iwwerraschung zeréckgeschéckt!
Fläschepost schécken un: Kapitän Mullebutz/Dan Tanson, 2 Ënnëschtgaas, L-6670 Mertert un der Musel. Wou soss! 🙂
